MERCI IECH ALL

15th July 2024

club logo

Fanfare Strassen

Den Ofschloss vun eiser Saison war déi traditionell FETE POPULAIRE. Ganz vill Leit ware komm an hunn e richteg flotten Owend erliewt. Dat ass eis awer nëmme gelongen, well eis MusicKids, d'Waldbëlleger Musek, Saxobeat/Tubaman/LittleDrummer an d'Gavrochen esou eng flott Stëmmung gemeet a fir gutt Laun gesuergt hunn. Hinnen dofir e grousse Merci. E Merci geet awer och un d'Staudivers an d'Veteranenekipp vum FC UNA well si fir de Catering gesuergt hunn. 
E besonnesche MERCI geet deen Ament un all eis Musikanten, un de Ben eisen Dirigent, an un all eis Frënn a Familjen, déi net nëmme leschte Samschdeg am Service, an der Spull, um Comptoir asw. gehollef hunn, mee d'ganzt Joer iwwert hëllefen datt mir esou e flotten an dynamesche Veräin sinn :)

Mee lo geet et an d'Summerpaus a mir loossen eis Instrumenter e bëssche raschten ...

MERCI IECH ALL

image