Alle Beiträge von admin

12. November um 14:30 Auer: YOUTH in CONCERT am Centre Culturel Paul Barblé

 

D’Stroossener MUSIC-KIDS, de Jugendensembel vun der Fanfare Stroossen, invitéiert Sonndes, den 12. November 2017 vun 14:30 Auer un, op e flotte Concertsnomëtteg am Centre Culturel Paul Barblé. Gläich dräi flott Concertë vum Mamer Jugendensembel, de Garnecher Jongbléiser an de Stroossener Music-Kids weisen Iech, wéivill Spaass Musek mécht. Fir de klengen Honger ass och gesuergt. Fräien Entrée.